Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
De Begrëff Bit (engl.:binary digit) ass an der Informatik, der Informatiounstechnik, der Nochrichtentechnik an och an aartverwandten Fachgebidder geleefeg. Dëse Begrëff kann folgend Bedäitungen hunn:
Mosseenheet fir een Datenvolume. Dobäi ass 1 Bit de klengste Datevolume, deen een z. B. duerh eng Binärziffer duerstelle kann. Gréisser Datemengen ginn an ganze Zuelen als dat Villfacht vun 1 Bit ausgedréckt.
Mosseenheet fir den Informatiounsgehalt (kuckt och Shannon, Nit, Hartley). Dobäi ass 1 Bit den Informatiounsgehalt, dee bei der Auswiel vun zwou gläich warscheinleche Méiglechkeeten zum Ausdrock kënnt.